Am Takt: Kinga Rose & Ryvage
26/09/2022

Fir den Episod vum 26. September hat sech d'Kinga Rose ugemellt. Eng Sängerin a Pianistin déi an Ungarn op d'Welt komm ass an no ville Reesen hir Zelter am Grand-Duché opgeschloen huet. Ufanks dës Joers ass den Debutalbum Vision erauskomm, de Release Concert ass fir de Samschde programméiert. De Sam Reinard, lokal Kënschtler kënne mat Sécherheet eppes mat deem Numm ufänken, produzéiert Musek ënnert dem Numm Ryvage an huet de leschte Samschde säi Projet Nightsongs virgestallt, bei deem hie sech mat Geräischer aus der Nuecht ausernee gesat huet.