iTunesSpotifyRSSApple Share
Buch vun der Woch
D'RTL-Buch-Recommandatioun
Play

Play episode

"Rabbits" vum Terry Miles
D'RTL-Buch-Recommandatioun
Play
17/05/2022 (3m 6s)

"Rabbits" vum Terry Miles

Wie gäre liest an awer och mol fir Stonnen an e Computerspill andauche wëll – fir deen hu mir eventuell dat passend Buch. „Rabbits“ vum Terry Miles erzielt nämlech d’Geschicht vun engem Real Time Adventure Game an deem den Asaz net manner ass wéi dat eegent Liewen. Den amerikaneschen Auteur ass och Filmproduzent an huet eng Rei Podcast-Serië  kreéiert, dorënner Rabbits, aus där elo dëst Buch enstanen ass. D'Tiffany Saska huet d’Buch fir eis gelies.
Play
10/05/2022 (2m 28s)

Buch vun der Woch: "Luyánta" vum Albrecht Selge

Fantasy-Geschichten mat jonken Haaptprotagonisten, déi um Sprong an d'Erwuessewelt sinn, spriechen natierlech e jonke Publikum un, awer net nëmmen. Bescht Beispiller sinn do "Die unendliche Geschichte" oder "Hobbit". Den däitschen Auteur Albrecht Selge huet sech elo mat sengem fënnefte Roman och un dëse Genre gewot. "Luyanta - oder das Jahr in der Unselben Welt" spillt an der Welt vun den Dolomiten. D'Christiane Kremer huet et gelies.
Play
03/05/2022 (2m 25s)

Buch vun der Woch: "Wo die Wölfe sind"

2019 publizéiert d'Charlotte McConaghy hiren éischte Roman „Zugvögel“. Schonns do weist sech, datt di jonk Australierin sech mat den Themen Natur a Klima auserneesetzt, andeems si d´Geschicht an d'Evolutioun vun den Zuchvullen erzielt. De Roman gëtt e weltwäite Succès. An hirem neie Roman beschäftegt sech Charlotte Mc Conaghy mat de Wëllef. D´Tiffany Saska huet „Wo die Wölfe sind“ gelies.
Play
26/04/2022 (2m 39s)

"Als wir tanzen lernten" vum Nicola Yoon

D'Nicola Yoon ass eng jamaikanesch-amerikanesch Autorin. Nodeem si 20 Joer laang am Investment Management geschafft huet, bréngt si 2015 hiert éischt Buch eraus, inspiréiert duerch Gedanken an Ängschten bei der Gebuert vun hirer éischter Duechter. "Du neben mir und zwischen uns die ganze Welt" packt et direkt an d'Bestsellerlëschten a gëtt geschwënn dono verfilmt. Och den zweete Roman verkeeft sech gutt. An lo ass mat "Als wir tanzen lernten" hiren drëtte Roman eraus.
Play
19/04/2022 (3m 36s)

"Tell": Joachim B. Schmidt

Fir säi Roman „Tell“ ass de Joachim Schmidt an de Schwäizer Folklor wulle gaangen an huet eng Legend ausgepaakt, déi den däitschsproochege Raum a virun allem d’Schwäizer immens gepräägt huet: et geet ëm d’Geschicht vum Wilhelm Tell, och bekannt als de Mann dee sengem Bouf en Apel vum Kapp geschoss huet. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.
Play
12/04/2022

Buch vun der Woch: Das verschlossene Zimmer

D´Buch „Das verschlossene Zimmer“ erzielt d´Geschicht vun der jonker Fra Marie a hirem Papp Dominik, déi zu Krakau a Polen liewen. Iwwerdeems  de Papp Precautiounen trëfft well de Krich virun der Dier steet, beschäftegt sech d´Marie mat engem ganz aneren Thema. Hatt sicht seng Mamm. D'Tiffany Saska huet d´Buch vum Rachel Givney fir eis gelies.
Play
05/04/2022 (2m 7s)

Ali Hazelwood - Die theoretische Unwahrscheinlichkeit von Liebe

An Italien ass se gebuer, huet an Däitschland a Japan gelieft, iert se an d'USA goung, fir an der Neurobiologie ze promovéieren. Viru Kuerzem krut d'Ali Hazelwood den Titel vun der Professorin, wat kaum en anere méi schockéiert, wéi si selwer. Si ass och Autorin an d'Michèle Schons huet hiren neie Roman "Die theoretische Unwahrscheinlichkeit von Liebe" gelies.
Play
29/03/2022 (2m 58s)

Buch vun der Woch - Der Held vom Bahnhof Friedrichstrasse

All Geschicht huet säin Held, am Buch vun der Woch steet deen awer op wackelege Been oder besser gesot, kuerze Been. "Der Held vom Bahnhof Friedrichstrasse" ass nämlech d'Geschicht vun engem Ligener, deen iergendwéi an eppes erarutscht aus deem een net méi raus kënnt. Ee Buch dat mat Humor a vill Charakter Froen iwwert eis Gesellschaft opwërft.
Play
22/03/2022 (2m 41s)

"Strömung" vum Jakob Augstein

De Jakob Augstein ass bekannt als Journalist a Coproprietär vun der Spiegel Gruppe. Elo huet hie dann eng éischte Kéier e literarescht Wierk verfaasst a verëffentlecht säin éischte Roman „Strömung“. E Roman, deen d’Geschicht vun engem Politiker erzielt an dobäi alles ass, awer net politesch. D'Tiffany Saska huet d’Buch fir eis gelies.
Play
15/03/2022 (2m 38s)

Buch vun der Woch: « Du hast gesagt, es ist für immer» vum Trish Doller

E Libesroman ka kitscheg sinn oder grondleegend Gefiller wéi d’Léift tëscht zwee Mënschen, d’Trauer iwwer e Verloscht an d’Méiglechkeet vun enger neier Relatioun op eng Aart a Weis thematiséieren, déi souwuel d’Häerz wéi och den Intellekt vum Lieser uspriechen. Wat fir eng vun deenen zwou Méiglechkeeten de Fall ass bei « Du hast gesagt, es ist für immer » vum Trish Doller, dat héiere mir elo vum Marie Gales.
Play
08/03/2022 (2m 58s)

Buch vun der Woch: "Dunkelblum" vum Eva Menasse

Déi éisträichesch Autorin Eva Menasse gouf 1970 zu Wien gebuer. No hirem Germanistik- a Geschichtsstudium schafft si als Redakteurin bei diversen Noriichtemagaziner. Scho ganz fréi huet si sech politesch engagéiert. Bei hirem Roman DUNKELBLUM- deen op reelle Fakte baséiert- setzt si d'Lous vun de Judden am 20te Joerhonnert an de Fokus. D'Manon Becker huet "Dunkelblum" gelies.
Play
01/03/2022 (2m 52s)

Buch vun der Woch: Thirteen

Krimien, an deenen et ëm Serial-Killere geet, gëtt et mëttlerweil wéi Sand um Mier. Mä een, wou den Täter bei sengem eegene Prozess selwer am Jury sëtzt, op déi Iddi wor bis elo nach kee komm. Den iresche Krimiauteur Steve Cavanagh huet dëst Gedankenexperiment gewot an de Lucien Czuga seet eis elo, op him dat gelongen ass.
Play
22/02/2022 (2m 33s)

Buch vun der Woch: Ausweglos vum Henri Faber

Eng Fra kalbliddeg ermort an hirem Appartementzëmmer. E Kommissär tappt verzweiwelt hannendrun an zwee Noperen wou een net weess a wéi wäit si an dës Saach verwéckelt sinn. Dat ass d'Thema am Henri Faber sengem Debüt Thriller "Ausweglos." Ma wann ee Spannung an Emotiounen gäer huet leet en dëst Buch net méi aus den Hänn, Julie Mathes.
Play
15/02/2022 (2m 28s)

Buch vun der Woch - Die letzten Romantiker

Vältesdag ass zwar elo eriwwer, romantesch gëtt et awer elo nach eng Kéier - am Buch vun der Woch. "Die letzten Romantiker" vun der amerikanescher Schrëftstellerin Tara Conklin. D'New York Times Bestsellerautorin huet awer keng Libesgeschicht geschriwwen, mee eng Familljegeschicht, d'Léift an d'Tragedie déi engem d'Liewe bréngt.
Play
08/02/2022 (2m 31s)

Buch vun der Woch: Der Fall des Präsidenten

1967 ass den Auteur vum Buch vun dëser Woch zu Wien op d’Welt komm. De Marc Elsberg lieft och haut an dëser Stad. Hie war Strategie- a Kreativberoder fir Publicitéit an huet fir déi éisträichesch Zäitung „Der Standard“ geschriwwen. International bekannt ginn, ass hien duerch seng Bicher Blackout, Zero, Helix a Gier. Säin aktuellt Wierk ass e Politthriller: der Fall des Präsidenten. D’Sandra Mélan huet genee dëst Buch gelies.
Play
03/02/2022 (2m 13s)

"Outpost" vum Dmitry Glukhovsky

Mat senger Metro-Trilogie, déi et iwwregens och als Videospill gëtt, ass de russesche Schrëftsteller a Journalist Dmitry Glukhovsky weltberümt ginn. Och säin neitste Roman "Outpost - Der Posten" ass eng Dystopie déi a Russland spillt. D'Bea Kneip ass him begéint an huet sech mat him iwwer seng Bicher, awer och iwwer déi aktuell Situatioun a sengem Heemechtsland ënnerhalen. 
Play
01/02/2022 (3m 3s)

Im Menschen muss alles herrlich sein

De Roman „Im Menschen muss alles herrlich sein“ ass der Theaterautorin a Schrëftstellerin Sasha Marianna Salzmann hiren zweete Roman an zielt vum Liewen an der Sowjetunioun, der "Perestroika" an dem haitegen Däitschland. Erzielt gëtt aus véier verschiddene Perspektiven - vun zwou Mammen an zwou Duechteren. D’Valeria Wiwinius huet d’Buch gelies.
Play
25/01/2022 (2m 42s)

Buch vun der Woch - Die Blankenburgs

Am Buch vun der Woch maache mir eng kleng Rees duerch d'Zäit a fannen eis zréck am Joer 1929. Die Blankenburgs vum Eric Berg ass den Optakt vun enger Rei, a begleet déi fiktiv Famill, wéi et den Titel vum Buch scho seet, Blankenburg duerch déi turbulent Zäit an Däitschland aus de 1930er Joren. D'Lea Schwartz huet d'Buch gelies. 
Play
18/01/2022 (3m 3s)

Buch vun der Woch : Anéantir vum Michel Houellebecq

En neie Roman vum Michel Houellebecq ass ëmmer nees en Evenement. Et huet een d’Impressioun, datt déi ganz literaresch Communautéit ee Moment stoebleiwt an Otem hëlt fir dat Evenement ze  verdauen, sech d’Ae reiwt a sech freet : « Mat wat wëll en eis dann dës Kéier iwwerraschen oder Angscht maachen ? » De Lucien Czuga huet sech schlau gemaach an ''anéantir'' deen neie Roman vum Michel Houellebecq gelies.
Play
11/01/2022 (2m 31s)

Buch vun der Woch: "TALBERG 1935"

Max Korn ass ee vun dräi Pseudonyme vum däitschen Auteur Oliver Kern. Säin Duerchbroch hat hien 2013, a vun do u fënnt ee seng Romaner reegelméisseg an de Spiegel-Bestsellerlëschten. De Kern huet en Deel vu senger Jugend an engem bayreschen Duerf verbruecht. Geschichten a Legenden aus deem Eck hunn hien zu senger neier Trilogie inspiréiert. Den éischten Deel, TALBERG 1935, ass eist Buch vun der Woch. D'Manon Bercker huet et gelies.
Play
04/01/2022 (2m 17s)

Buch vun der Woch: Winterland

D’Janni Pedersen a de Kim Faber sinn eng Koppel an allebéid Journalisten. Hiren éischte Krimi ass 2019 an Dänemark als beschten Debut ausgezeechent ginn. Mëttlerweil ass en och op Däitsch eraus komm. An dem Krimi geet em en Attentat zu Kopenhagen an e grausame Mord um Land an Dänemark. D’Sandra Mélan huet Winterland gelies.
Play
28/12/2021 (2m 44s)

"Dallmayr - Der Traum vom schönen Leben" vum Lisa Graf

Wie kennt en net: de bekannten Dallmayr Kaffi. An och wann een nach ni zu München war, wëssen der vill aus der Reklamm, wéi de renomméierte Buttek fir Delikatessen, wou de Kaffi verkaf gëtt, ausgesäit. Mee wat stécht eigentlech hannert dem Traditiounsgeschäft. Dat neit Buch vum Lisa Graf "Dallmayr - Der Traum vom schönen Leben", erzielt dës Familljegeschicht. D'Tiffany Saska huet et gelies.
Play
21/12/2021 (2m 48s)

Buch vun der Woch: "The Upper World" vum Femi Fadugba

Zäitreese ware schonn ëmmer eent vun de Liiblingstheme vun der Literatur. Den H.G. Wells, den Isaac Asimov oder de Ray Bradbury sinn nëmmen e puer vun den Auteuren, déi sech mat dëser Thematik beschäftegt hunn. De Femi Fadugba, e jonke britesche Schrëftsteller a Wëssenschaftler huet elo de Roman « The Upper World » geschriwwen, mat deem hie besonnesch Jonker de Konzept vun der Zäitrees méi no wëll bréngen, an dat mat Hëllef vun enger spillerescher Approche vun der Quantephysik. De Lucien Czuga huet « The Upper World » gelies.
Play
14/12/2021 (2m 51s)

Buch vun der Woch: "Der Gesang der Berge"

D’20.Joerhonnert war definitiv keng einfach Zäit fir de Vietnam. 1945 huet eng Hongersnout d'Land regéiert an ee Joer méi spéit ass de Krich tëschent Frankräich an de Viet Minh lassgaangen. Wéi wann dat net schonn duergeet huet d’Land sech 1954 och nach an zwee gespléckt – do war dunn e kommunisteschen Staat am Norden an eng kapitalistesch Republik am Süden. E knappt Joer duerno ass dunn och nach de bekannte Vietnamkrich ausgebrach. Eng Geschicht gefëllt mat Gewalt an Aarmut déi net nëmme Milliounen Doudeger gefuerdert huet, mä och onmoosseg vill Familljen zerbrach huet. Am Roman „Der Gesang der Berge“ léiere mir eng esou eng Famill kennen. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.
Play
07/12/2021 (2m 35s)

Buch vun der Woch - Die vier Winde

An eisem Buch vun der Woch reese mir zréck an d'1930er Joren an d'USA, méi genee an Texas. Do spillt nämlech dat aktuellt Buch vun der Schrëftstellerin Kristin Hannah, déi ënner ënner anerem duerch eng Partie Romaner wéi "Die Nachtigall" bekannt ass. An "Die vier Winde" erzielt si d'Geschicht vum Elsa Martinelli. D'Lea Schwartz huet et gelies
Play
30/11/2021 (2m 25s)

Buch vun der Woch: Fredrik Backmann - Eine ganz dumme Idee

E Bankiwwerfall ouni Erfolleg endegt an enger Geiselnam, mat genee esou mann Succès, näischt ass geplangt, an och näischt gewollt. Souguer d'Poliziste wëssen hiren Hänn kee Rot. Dat ass e ganz kuerze Resumé vun eisem Buch vun der Woch "Eine ganz dumme Idee" vum Frederik Backmann an eigentlech geet et an der Geschicht net wierklech an éischter Linn ëm e Bankiwwerfall ma ëm ganz aner Geschichten, Michèle Schons? 
Play
23/11/2021 (2m 51s)

Buch vun der Woch: Clare Pooley - Montags bei Monica

E klengt gréngt Bichelchen, mat de Secreten vu 5 Mënschen, wat déi Persounen um Enn genee dohinner bréngt, wou se solle sinn. Dat ass d'Kuerzfaassung vun enger Geschicht déi engem reegelrecht d'Häerz opmécht, an och eist Buch vun der Woch. "Montags bei Monica" heescht de Roman a gouf geschriwwe vun der Autorin Clare Pooley. D'Michèle Schons huet e gelies a kann e just wäermstens recommandéieren:
Play
16/11/2021 (2m 40s)

Buch vun der Woch: "Ritchie Girl"

Dem däitsche Schrëftsteller Andreas Pflüger säin neiste Roman „Ritchie Girl“ spillt sech kuerz nom zweete Weltkrich of, zu enger Zäit, wou ee Schold an Onschold praktesch net konnt ausenaner halen, an onmoralesch Decisioune mam Kale Krich justifiéiert goufen. Mir schreiwen d’Joer 1946 a sinn um amerikanesche Militärstützpunkt Camp King bei Frankfurt… D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.
Play
09/11/2021 (2m 31s)

Buch vun der Woch: "Die Enkelin"

1995 huet sech de Bernhard Schlink weltwäit mat sengem Roman „Der Vorleser“ als Bestseller-Auteur etabléiert. Zanterhier liwwert de Jurist a Schrëftsteller eis reegelméisseg Erzielbänner a Romaner. Säin neisten Wierk ass den 27.Oktober erauskomm, heescht „Die Enkelin“ a spillt sech, wéi sou dacks beim Schlink, an Däitschland an der Nokrichszäit of. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.
Play
02/11/2021 (3m 10s)

Buch vun der Woch: "Harlem Shuffle"

Den een oder anere kennt vläicht dat Buch „Die Nickel Boys“ mat dem de Colson Whitehead 2020 scho säin zweete Pulitzer Präis gewonnen huet. Elo ass e weidere Roman vum Schrëftsteller publizéiert ginn. „Harlem Shuffle“ spillt genee wéi „Die Nickel Boys“ an de Sechzeger Joer an den USA, mee dës Kéier net am Florida mee zu New York. D´Tiffany Saska huet d´Buch vun dëser Woch fir eis gelies.
Play
26/10/2021 (3m 29s)

"Flucht nach Patagonien" vum Jana Revedin

De Jean-Michel Frank an d’Eugenia Errazuriz, zwee Nimm, déi engem vläicht net direkt bekannt virkommen. Ma spéitstens nodeems een dëst Buch gelies huet, weess een dass si ee groussen Deel zu der Geschicht a Kultur an enger donkeler Zäit bäigedroe hunn. Dem Jana Revendin säin neie Roman „Flucht nach Patagonien“ erzielt d’Geschicht vun dësen exzeptionelle Personnage, a weist eis eng Perspektiv aus der Zäit vum 2. Weltkrich déi vu Konscht, Nostalgie an Angscht gepräägt ass. D'Julie Mathes huet d'Buch gelies.
Play
19/10/2021 (3m 2s)

Der Leuchtturmwärter vum Emma Stonex

Bis elo huet d´Emma Stonex als Lectrice geschafft. Elo féiert d´Englännerin selwer hiren Optakt als Schrëftstellerin. Mat hirem Roman „Die Leuchtturmwärter“ beschäftegt si sech mat engem Thema,  dee si scho laang faszinéiert a gräift an engems eng wouer Geschicht op, nämlech d´Verschwanne vu dräi Liichttuermwiechter a Schottland. D´Tiffany Saska weess méi.
Play
12/10/2021 (2m 45s)

Buch vun der Woch: "Billy Summers" vum Stephen King

Zënter hien 1974 mat sengem éischte Roman "Carrie" direkt den Duerchbroch gepackt huet, huet de Stephen King méi wéi 60 Romaner an iwwer 100 Kuerzgeschichte publizéiert. Säin neiste Roman mam Titel "Billy Summers" ass eist Buch vun dëser Woch. D'Bea Kneip stellt Iech et vir.
Play
05/10/2021 (2m 24s)

Buch vun der Woch "Wie viel von diesen Hügeln ist Gold"

"Wie viel von diesen Hügeln ist Gold" ass den éischte Roman vun der asiatesch-amerikanescher Schrëftstellerin C Pam Zhang, déi et domadder net nëmmen op d'Longlist vum Booker-Prize gepackt huet, mä och op déi perséinlech Lëscht vum fréieren amerikanesche President Barack Obama. Dëse Roman ass esou eppes wéi e Western, awer aus der Vue vun de chineeseschen Awanderer, deenen hir Geschicht bis ewell wéineg erzielt gouf. D'Christiane Kremer huet et gelies.
Play
28/09/2021 (2m 54s)

Buch vun der Woch: "Für ein Leben"

Beim neie Buch "Für ein Leben" vum däitschen Auteur Ulrich Woelk kann een ouni Zweiwel vun engem Epos schwätzen: E Roman, dee sämtlech gesellschaftlech Theme behandelt, vu verschiddene Generatiounen erzielt, ganz ënnerschiddlech Charakteren optriede léisst a vill Contenu op eng ënnerhalsam Aart a Weis verschafft. Tiffany Saska huet d’Buch fir eis gelies.
Play
21/09/2021 (3m 19s)

D'Buch vun der Woch: "Die Tochter des Präsidenten" Cinton/Patterson

Normalerweis schreiwen amerikanesch Ex- Presidenten no hirem Départ aus dem Wäissen Haus  hir Biographie oder loossen se schreiwen. Dem Bill  Clinton ass dat net duergaang, an hien huet sech vrun  e puer Joer mam James Patterson, engem vun deene  gréissten, loosse mer soen, Buchverkeefer weltwäit,  zesummegedoen, fir e Polit-Thriller ze schreiwen. « The President is missing » gouf dunn natierlech, vu  d’Prominenz vun deenen zwee Auteuren, e Bestseller. Ob dat elo mat deem zweeten Opus aus deene  selwechte Fiederen, « Die Tochter des Präsidenten »,  de Fall ass, seet eis elo de Lucien Czuga.
Play
14/09/2021 (2m 45s)

Buch vun der Woch: "Über Menschen" vum Julie Zeh

D'Julie Zeh ass promovéiert Juristin an Expert a Vëlker- an Europarecht a schafft als Riichterin um Verfassungsgericht Brandenburg. Bekannt ass d'Julie Zeh an hirem Heemechtsland Däitschland awer vrun allem duerch hir Literatur. 2001 hat si mat hirem Debütroman "Adler und Engel" och internationalen Erfolleg. Hire Roman "Unterleuten", dee verfilmt gouf, spillt an der Provënz. An dohinner hëlt och hiert aktuellt Wierk "Über Menschen" de Lieser mat, Christiane Kremer.
Play
07/09/2021 (2m 39s)

Buch vun der Woch "So wie du mich kennst" vum Anika Landsteiner

D’Schwëster als bescht Frëndinn, schéin, wann een sou eng Chance huet. Am « So wie du mich kennst » erzielt d’Anika Landsteiner eis d’Geschicht vun zwou jonke Fraen, déi sech ganz no stinn a sech scheinbar alles ziele kënne. Sou wéi an hiren zwee éischte Bicher, setzt di jonk däitsch Autorin, Journalistin a Podcasterin och hei op eng flott Manéier déi komplex tëschemënschlech Bezéiunge an de Fokus. Manon Bercker
Play
31/08/2021 (3m 6s)

"Die fremde Spionin" vum Titus Müller

Den 13. August 1961 ass an der Chronologie vum Kale Krich ganz sécher e kruzialen Datum. Virun zimmlech genau 60 Joer ass ugefaang ginn d‘Berliner Mauer opzeriichten. Knapp 30 Joer sollt se stoen. Souwuel den Osten wéi och de Westen hu mat Spioune versicht de Géigner auszespionéieren. „Die fremde Spionin“ vum Titus Müller erzielt d’Geschicht vun enger vun hinnen. D'Tiffany Saska huet fir eis eng Zäitrees gemaach. 
Play
24/08/2021 (3m 11s)

"Frau Merian und die Wunder der Welt"

Wéi hutt dir et da mat den Insekten? Déi meeschte Leit sinn jo éischter manner frou, wann hinnen ee Sechs- oder Achtbeener iwwert de Wee leeft. An eisem Buch vun der Woch dierft sech dee Point de Vu géigeniwwer der Insektewelt awer änneren. An "Frau Merian und die Wunder der Welt" geet et ëm d'Naturfuerscherin a Kënschtlerin Maria Sybilla Merian. Si war faszinéiert vun der Natur mat all hieren Liewewiesen an huet hiert Liewen domadder verbruecht, si ze zeechnen a fir d'Nowelt ze beschreiwen. Dobäi hat si ee groussen Dram, eng Rees a Südamerika wou si sech nach méi där Déiere versprach huet. An op déi Aventure hëlt d'Autorin Ruth Kornberger een an hirem Roman mat.
Play
17/08/2021 (2m 57s)

Buch vun der Woch: "Die Eloquenz der Sardine"

Di eng ware villäicht grad beim Mier; anerer fueren nach an d´Vakanz fir ë puer Deeg bei guddem Wieder vum Strand an dem Waasser ze profitéieren. Mee wéi oft setze mir eis mat der faszinanter Déierewelt, déi eis Weltmierer ze bidden hunn, auserneen? „Die Eloquenz der Sardine“ vum Bill François hëlt de Lieser mat op eng Rees ënner Waasser voller Iwwerraschungen a virun allem spannenden Erzielungen. Tiffany Saska huet d´Buch fir eis gelies. 
Play
10/08/2021 (2m 10s)

Buch vun der Woch: "Der Junge, der das Universum verschlang"

Wéi gëtt een e gudde Mënsch? A wat mécht e gudde Mënsch iwwerhaapt aus? Dat sinn d’Froen ëm déi sech de Roman “Der Junge, der das Universum verschlang” vum australesche Schrëftsteller Trent Dalton dréit. E fiktiven Debutroman, gemëscht mat autobiographeschen Elementer. D’Valeria Wiwinius huet d’Buch gelies.
Play
03/08/2021 (2m 11s)

Buch vun der Woch: Ein letzter erster Augenblick

D’Holly Miller ass zu Bedfordshire an England op d’Welt komm an och opgewuess. Niewent dem Beräich Marketing, huet si och an de Medie geschafft. Awer hir Leidenschaft ass d’Schreiwen. Hiren éischte Roman ass ass ‘Ein letzter erster Augenblick”. Wann een dëst Buch liest, da soll een de Pak Nuesschnappecher net ze weit wegleien hunn. Sandra Mélan:
Play
27/07/2021 (2m 16s)

Buch vun der Woch: "Ich will dir nah sein"

„Ich will dir nah sein“ ass den éischte Roman vun der jonker däitscher Autorin Sarah Nisi. Si erzielt d’Geschicht vun enger Fra an hirem Stalker – awer net esou, wéi mer dat scho sou dacks gelies hunn. Dës Kéier dréit d’Story a ganz onerwaart Richtungen. Manon Bercker
Play
20/07/2021 (3m 6s)

Buch vun der Woch: "Glück hat einen langsamen Takt"

Eist Buch vun der Woch ass dës Kéier en Erzielband vun der däitscher Schrëftstellerin Mechtild Borrmann. „Glück hat einen langsamen Takt“ erzielt an 20 Geschichte vum Alldag mat all sengen Erausfuerderungen a Schicksaler, déi d´Liewen, vun engem Dag op deen aneren, komplett op d´Kopp kënne geheien. Tiffany Saska huet d'Buch fir eis gelies..
Play
13/07/2021 (2m 57s)

Buch vun der Woch: Die Toten vom Gare d’Austerlitz

Als Buch vun der Woch proposéiere mir Iech dës Woch en historesche Krimi. „Die Toten vom Gare d’Austerlitz“ vum Chris Lloyd spillt an den 1940 Joren zu Paräis a behandelt nieft dem Mord vu polneschen Zivilisten natierlech och den Zweete Weltkrich an eng Stad, déi sech ënnert däitschem Afloss komplett verännert. D'Tiffany Saska huet d‘Buch fir eis gelies.
Play
06/07/2021 (2m 57s)

Buch vun der Woch: Nory Joyce und die Liebe zu den Büchern

D’Buch vun der Woch „Nora Joyce und die Liebe zu den Büchern“ vum Nuala O’Connor erzielt d’Geschicht vum iresche Schrëftsteller James Joyce. Et ass awer net onbedéngt hien, deen am Mëttelpunkt steet, mee vill méi seng Fra, déi hien all déi Joren duerch säin turbulent Liewe begleet huet. D'Tiffany Saska huet d’Buch fir eis gelies.
Play
29/06/2021 (2m 25s)

Buch vun der Woch: Ciara Geraghty - Das Leben ist zu kurz für irgendwann

All Dag esou liewen, als wär et de leschten, an dat bis et eriwwer ass, well fir "iergendwann" ass d'Liewen einfach ze kuerz. Dat ass de Motto vum Buch. wat och de selwechten Titel huet, a wourëms et genee geet, dat huet d'Michèle Schons fir eis gelies: 
Play
22/06/2021

Laura Imai Messina: "Die Telefonzelle am Ende der Welt"

Eng Telefonskabinn wierkt an der haiteger mobiler Zäit scho vu sech aus wéi en Anachronismus. Wann déi Kabinn, dann och nach keng normal Leitung huet, ass se nach méi extra. Mä et gëtt se a si huet e besonneschen Zweck am richtege Liewen an am Buch vum Laura Imai Messina "Die Telefonzelle am Ende der Welt". D'Christiane Kremer huet et gelies.
Play
15/06/2021 (3m 17s)

Buch vun der Woch: Die dritte Frau

Deen een oder anere kennt villäicht de Roman „Die Purpurlinie“ vum Wolfram Flaischhauer. Behandelt gëtt e bekannte Konschtwierk aus dem Louvre, wat ënnert anerem Gabrielle d'Estrées, d’Maîtresse vum Henri 4. vu Frankräich weist, di kuerz virun der Hochzäit mat him gestuerwen ass. Bis haut weess awer kee wisou. Dat neit Buch vum Auteur „Die dritte Frau“ befaass sech nees mat dem Tableau awer aus enger anerer Perspektive. Mee keng Angscht; et muss een „die Purpurlinie“ net gelies hunn, fir ganz vill Gefalen um aktuelle Buch ze fannen. D'Tiffany Saska huet et fir eis gelies.