François Jagut, Chef vum Mount Juli 2022

04/07/2022

De François Jagut, Chef vum Restaurant "Les Roses" vu Munneref, proposéiert eng saisonal Kichen.

Carpaccio de dorade royale, Eisekuche gemaach mat Hanfmiel vum Ourdaller an eng Chimichurri-Zooss.
Rezept fir 4 Persounen

Hanfmiel Eisekuch
80g Hanfmiel
2 Eeër
80g Maisstäerkt
10cl Béier
1/2 Sachet Hief
Salz a Peffer
60g Geschmolte Botter

Chimichurri
1/2 Bott Glate Péiterséileg
1/2 Bott Koriander
1/2 Bott Kierwel
4 Knuewelekszéiwen
1 klenge roude Piment
2 Zoppeläffelen Wäinesseg
Schuel a Jus vun enger 1/2 grénger Zitroun
120ml Olivenueleg
Salz a Peffer
400gr Daurade Royale - Filet
E bësse Kraider oder e bësse geschniddent Geméis

Schratt fir Schratt

Den Eisekuch

1- Vermëscht d'Miel, d'Stäerkt, d'Salz an d'Bakpolver a maacht déi geklappten Eeër derbäi.
2- Maacht de Béier no an no beim Réieren derbäi. Maacht duerno de geschmoltene Botter derbäi. 1 Stonn roue loossen.
3- Maacht en Eisekuchseise waarm, verdeelt eng kléng Boll Deeg dorop a baakt fir 5/6 Minutten.

D'Chimichurri

1- De Péiterséileg, de Koriander an de Kiewel réng schneiden an de Knuewelek pressen.
2- D'Haut vum Piment ofbrennen, en der Längt no an zwee Hallschente schneiden, d'Käre raushuelen an da réng haen.
3- Eng hallef Limoun schielen an de Jus auspressen, de Roudwäinesseg derbäimaachen, wierzen an da mat Olivenueleg iwwergéissen.

Presentatioun um Teller

1- Schneid mat engem Messer dënn Tranche vum Doradefilet of, leet se op en Teller a iwwergéisst dat Ganzt delikat mat der Chimichurri-Zooss.
2- Dat Ganzt harmonesch um Eisekuch presentéieren, jee no Goût mat frëscher Kraiderzalot an/oder réie Geméissträife garnéieren.

Gudden Appetit


Wäintipp

Dës Cuvée staamt vun der nërdlecher Säit vun dem Etna, an ass aus 80 Joer ale Riewen gemaach. Aus engem helle liicht rosa, entwéckelt d'Nues Notten vun Zitrusfriichten an Hammbieren. De vulkaneschen Terroir vum Etna bréngt vill Perséinlechkeet an Intensitéit zu dësem Rosé. Mineral, mächteg, peffereg, mat enger grousser Frëschheet, déi all d'Kapazitéit huet fir de Chimichurri ze balancéieren, an d’Dorade gläichzäiteg an den Virdergrond bréngt.

Etna Rosato 2021 Tenuta delle Terre Nere (98% Nerello Mascalese & 2% Nerello Cappuccio)
Biologeschen Domän
Präis: 17,84€ TTC