Marlène Clement: Trounwiessel-Feierlechkeeten an der Stad : Alles, mee kee Volleksfest

09/10/2025
Marlène Clement: Trounwiessel-Feierlechkeeten an der Stad : Alles, mee kee Volleksfest
Play

E Freideg gëtt et eng Woch, datt Lëtzebuerg een neie Grand-Duc a Staatschef huet. Een historesche Moment, dee Samschdes mat enger Tournée vun der groussherzoglecher Koppel duerch d’Land gefeiert gouf, mat enger leschter Etapp owes an der Stad. Eng Etapp, déi awer um Ecran méi iwwerzeegt huet, ewéi an der Realitéit, mengt d'Marlène Clement an engem Commentaire.