Carine Lemmer: Et geet ëm d'Wurscht
16/10/2025

D'EU-Parlament wëll Begrëffer wéi "Wurscht", "Schnitzel", "Steak" oder "Burger" fir vegetaresch Produite verbidden. Just Fleesch soll dierfe sou genannt ginn. D'lescht Woch huet eng Majoritéit vun den EU-Deputéierte fir sou e Verbuet gestëmmt. Déi Lëtzebuerger Deputéiert allerdéngs net. D'EU-Deputéiert vun CSV, LSAP an Déi Gréng hunn dogéint gestëmmt. De Charel Goerens vun der DP an de Fernand Kartheiser vun der ADR hu sech enthalen. Definitiv decidéiert ass elo awer nach näischt. Déi 27 EU-Länner mussen de Verbuet och nach guttheeschen. Mä trotzdeem war de Vott kee gudden Dag fir d'Europaparlament. A mat Konsumenteschutz huet et och näischt ze dinn.
