"Indiana Jones and the Dial of Destiny" vum James Mangold

15 Joer ass et hier, datt den Indiana Jones seng lescht Aventuren um groussen Ecran ze gesi waren.

Mam 5. Indiana-Jones-Film zitt den Harrison Ford am Alter vun 80 Joer seng Reverenz an hänkt säi bekannten Hutt a seng Peitsch un de Krop.

No 10 Joer als Professer um Hunter College zu New York ass et fir den Archeolog Indiana Jones am Joer 1969 un der Zäit, seng Pensioun ze huelen. Wann d’Helena Shaw, säi Pätterchen a sengem verstuerwene beschte Kolleeg seng Duechter deen Dag opdaucht, gëtt den Indy an eng Aventure matgerappt, wou se op d'Spuere vum Archimedes senger revolutionärer Erfindung ginn. Eng Rees géint Zäit uechter d’Welt, wou den Indy op al Kolleegen a fréier Feinde stéisst.

Indiana Jones and the Dial of Destiny ass den éischte Volet an dëser Filmrei, deen net vum Steven Spielberg realiséiert gouf. Regie féiert de Realisateur James Mangold, deen et fäerdeg bréngt, eng nei, ganz mënschlech a vulnerabel Séit vum abenteuerlechen Archeolog ze weisen.

Wann d’Ouverturessequenz an der Traditioun vum Genre ëmmer de spektakuläre Bijou vun dëse Filmer soll sinn, sou ass dat an dësem Fall net wierklech gelongen. Dem Indy seng Eskapaden um Schluss vum 2. Weltkrich, mat engem Harrison Ford, deen duerch Computer generéiert Biller verjéngert gouf, si weder esou virtuos nach esou matrappend, wéi dat an den éischte Filmer de Fall war. Dëst läit virun allem un engem Iwwerfloss vu CGI-Effekter, déi all Form vun artisanale Look, deen dës Filmrei ausmécht, ausradéiert.

Am Mëttelpunkt vun dësem Spektakel vun 2 Stonnen an 34 Minutte stinn awer weiderhi spannend Actionsequenzen, déi mat enger gudder Portioun Witz an Humor vermëscht ginn. Hei bréngt d’Actrice Phoebe Waller-Bridge sécherlech och frësche Wand mat an d’Spill, genee wéi e gewoten, spannenden an emotionale Schluss, deen dem Indiana Jones deen Abschid gëtt, deen e verdéngt, dat ganzt am Rhythmus vum John Williams senger grandioser Musek.

iTunes