Energie Tipps: Spuere mat der Energie vun der Sonn

24/01/2023

Déi gréissten Energiequell déi mir Mënschen zur Verfügung hunn ass d’Sonn. Wien dës Energie notze wëll, kann dat op verschidde Manéieren maachen.

D’Photovoltaik oder d’Solarthermie sinn zwee relativ gängeg Beispiller déi esou munch Lëtzebuerger Hausdaach dekoréieren. Wann d’Anlag bis leeft huet se de Virdeel dass se Stroum oder Hëtzt gratis produzéiert wann d’Sonn schéngt, an esou ka Geld spueren an een seng Energie selwer produzéiert.