Jeunesse - Stroossen 3:0
09/03/2021
D'Goler hunn den Ouwo Moussa (2) an de Xenitidis geschoss.
Stroossen war iwwert déi ganz éischt Hallschent déi besser Ekipp an hat och duerch de Lopes a Hayasaka ganz gutt Golchancen. An der 2. Minutt vun der Nospillzäit huet den Ouwo Moussa awer d'Féierung fir d'Jeunesse markéiert. Kuerz no der Paus huet de Stiermer nogeluecht (48') an de Match esou fréizäiteg entscheet. Fir de Schlusspunkt huet de Xenitidis (88') gesuergt.