EPISOD 21 - De Wäisse Bengel als Hëllefsmettel

EPISOD 21 - De Wäisse Bengel als Hëllefsmettel
Play

Vum 8. bis de 15. Oktober 2021 ass d'Semaine de la Vue

De 14. Oktober ass d'Journée de la Vue an de 15.10.2021 ass den Dag vum Wäisse Bengel. An am Oktober huet de Centre pour le développement des compétences relatives à la vue eng Campagne mam Titel : Gesäis de mech lancéiert. Dat si gutt Grënn fir ons mam Thema Wäisse Bengel an Mobilitéitstraining ze beschäftegen.
Mam Tobias Stuntebeck schwätze mer iwwert d’Entwéckelung an d’Geschicht vum Wäisse Bengel, mam Annouck Preusche an dem Thierry Metz geet et em d’Orientéierung, de Mobilitéitstraining an d’Ausbildung zum Mobilitéitstrainer. A mir loossen Notzer zu Wuert kommen, déi ons erzielen wat fir si den Wäisse Bengel bedeit.

iTunesSpotify