Ass d'Politik nach glafwierdeg?
08/11/2021

En Donneschdeg den Owend goung et ënner anerem ëm d'Fro, wat et haut brauch, fir glafwierdeg ze sinn als Politiker. Wie soll dat jugéieren a wéi?
Skandal oder Stuerm am Waasserglas? Bei der Plagiatsaffär ronderëm d'Ofschlossaarbecht vun eisem Premier Xavier Bettel ginn d'Meenungen auserneen. Wéi glafwierdeg sinn eis Politiker a wat bedeit d'Affär fir e Premier, dee vill Wäert op säin Image leet?