Impfflicht - Pro a Kontra
13/01/2022

Féiert ons eng Impfflicht aus der Pandemie? Bréngt se Rou an d’Gesellschaft oder de Géigendeel?
En Experterot soll d'Virlag liwwere fir d'Debatt am Parlament, mä ass et eng medezinesch oder eng politesch Decisioun? Ass et dat gëeegent Mëttel fir raus aus dem éiwegen Hin an Hier u Mesuren, fir esou vill wéi méiglech Liewen ze retten an eis nees Normalitéit ze bréngen oder verhäerten d'Fronten dann nach méi?