Autosfestival an Elektromobilitéit
27/01/2022

Et ass Autosfestival, mä wat kafen? D'Veronsécherung bei de Leit ass grouss.
Den Dramwon a bis ee Joer drop waarden? Eng Occasioun? Wéi ass et ewell mam Wäertverloscht? Op al oder nei Technologie setzen? Weiderhin ee Verbrenner, mam Risk vun ëmmer méi Verbueter? Oder Elektro mat staatleche Primmen, awer Doutten zu Luedméiglechkeeten a Kapazitéit? A wéi soll dat iwwerhaapt goen, de Gesamt-Fuerpark zur Hallschent z'elektrifizéiere bis 2030? Wéi séier geet d'Innovatioun um Marché a wouhin? Ass d'Transitioun op Elektrogefierer alternativlos? Sinn d'Ziler vun der Regierung realistesch a wat bréngt den technologesche Fortschrëtt? Vill Froe, déi mir probéieren an dëser Emissioun ze beäntweren.