Mir si wat mer héieren
Wéi mir eis Oueren verwinnen an hinne schueden!
Egal op ënnerwee am Auto. Nomëttes relax am Gaart. Oder Owes virun der Tëlee! Et ass ee bal néierens roueg. Am Pisa weise mir firwat een iwwerhaapt eppes héiert a wéini zevill Kaméidi eisen Ouere schuede kann. De Mister Science wëll erausfannen op een e Glas ka futti sangen. A mir kréien en exklusive Bléck hannert d’Kulissen vun der Philharmonie. Weisen wéi d’Bühn an de Plafong sech beweege kënnen, jee nodeem wéi eng Zort Musek gespillt gëtt.
