PISA - RITTER-EXPERIMENT!

Reiden! Kämpfen! Iwwerliewen! Den Olivier Catani a Mister Science op enger spannender Aventure duerch d'Mëttelalter.

Mir weise mat nogestallten Szenen wéi d’Leit deemools gelieft hunn. Erzielen d’Geschicht vum mysteriéise Yolanda vu Veinen, déi eis verréit wéi eng Sprooch déi Zäit bei eis geschwat gouf. An de Mister Science an den Olivier Catani musse puer Ritter-Prüfunge packen: vum Duell um Reit-Turnéier iwwer eng spirituell Nuecht an der Kapell bis bei de brutale Schwäertkampf am Ritter-Trainingslager.