Modernen Akerbau
Roboter um Feld, Soja-Comeback an zu Lëtzebuerg an e Rise-Gras aus Asien.
De Bauer fiert mat sengem Trakter iwwer d’Feld. Peekt d’Steierrad awer net un. Den Trakter fiert vum selwen. Bal op den Zantimeter genee seng Reien of. Am Pisa iwwer Zukunft vun der Landwirtschaft. Fuerscher wëllen de Soja op Lëtzebuerg bréngen, ouni Dünger. Si mussen d’Wuerzelen duerfir mat enger Bakterie impfen. De Mister Science zielt Reewierm a Kéi. E wëll erausfannen op am Buedem méi Fleeschmass lieft wéi op der Wiss. A mir gesi firwat Rise-Gras aus Asien der lëtzebuerger Landwirtschaft kéint gutt doen.
