Alles op de Grill

Wat ee wësse soll wann d’Grillparty net zum Flop soll ginn

Fleesch, Fësch, Geméiss. Um Grill schmaacht dat alles besser. Oder? Mir vergläiche Gaz- a Kuelegrill a weisen op wat ee beim Grillen oppasse muss. Mat dësem Kuelemeiler erkläre mer wéi een Holz a Kuele verwandelt. A mir teste fënnef verschidde Methoden fir erauszefannnen wéi een déi Kuelen am beschten ufänke soll. Mir maache puer Lager-Feier Experimenter a weisen déi faszinant Säit vun de Flamen.