Autofestival 2022, bei der Famill Binsfeld zu Schëffleng ass Elektro Mobilitéit e grousst Thema

28/01/2022
Autofestival 2022, bei der Famill Binsfeld zu Schëffleng ass Elektro Mobilitéit e grousst Thema
Play

Wou aner Länner en Auto Salon hunn, huet Lëtzebuerg all Joer ëm dës Zäit de groussen Autofestival. 170 Showrooms uechtert dat ganzt Land, weisen hir Nouveautéiten, vill Innovatiounen a lackelen d’Fans mat gudde Konditiounen. Och den RTL Reporter huet sech op den Tour an d’Garagë gemaach, an do kréie mer haut e méi intime Bléck hannert d’Kulisse vun dësem populären Evenement, fir unzefänke war den Dan Vinkowski zu Schëffleng.