„de Kungsleden“ vum Nicolas Havé

Den Documentaire iwwer d'Expeditioun vum Aventurier Raphaël Fiegen a Lapland.

Lapland - déi lescht onberéiert Wildnis an Europa - e Klima, dat duerch Schnéi an Äis gepräägt ass.
Genee déi richteg Platz fir eng Expeditioun fir den Aventurier Raphaël Fiegen a säin Team.
Mir huelen Iech mat op en Challenge, bei déiwe Minustemperaturen, dee Mënsch an Déier un hir Limitte bruecht huet.