Mallorca Spezial 2/4

D'Liewen op der Insel ass méi bëlleg wéi hei zu Lëtzebuerg, dofir ass awer och de Verdéngscht méi geréng.

Trotz grousser Konkurrenz huet de Ralph vu Mäertzeg eng Dauch Schoul zu Pollenca, am Norde vu Mallorca opgemaach. Fir säin Dram huet de Lëtzebuerger vill Léiergeld missen bezuelen. De Lucien vu Monnerech dogéint ass wéinst der Léift zu enger Mallorquinerin ausgewandert. Mä dat een op der Insel alleng vun der Léift an der Sonn net iwwerliewen kann, dat ass dem Monnerecher ganz séier bewosst ginn.