iTunesSpotifyRSSApple Share
Undercut
Alles ronderëm d'Kinneksklass am Motorsport. Analysen, Hannergrënn, Geschicht, Fun Facts. Den Undercut gëtt Iech all zwou Woche presentéiert vum Yannick Zuidberg a vum Tom Hoffmann.
Play

Play episode

Undercut - Episod 25
Alles ronderëm d'Kinneksklass am Motorsport. Analysen, Hannergrënn, Geschicht, Fun Facts. Den Undercut gëtt Iech all zwou Woche presentéiert vum Yannick Zuidberg a vum Tom Hoffmann.
Play
22/06/2022

Undercut - Episod 25

Mam fréieren Sportjournalist Daniel Wampach hunn mir ënnert anerem iwwert déi dominant Bull'en geschwat an op et e Mercedes Comeback gëtt.
Play
08/06/2022

Undercut - Episod 24

De Philipp Brändle war 6 Joer laang am Aerodynamik Team vun Mercedes a Ingenieur vum Lewis Hamilton an hunn mat him och iwwert déi nei Autoen geschwat
Play
27/04/2022 (37m 17s)

Undercut - Episod 23

Mam Ben a Yannick vun der Instagram-Säit letz.f1news hu mir iwwer hir Begeeschterung a Saache Formel 1 geschwat an och iwwer déi aktuell Saison.
Play
13/04/2022 (49m 44s)

Undercut - Episod 22

De Christian an de Gary Hauser huelen eis mat op hiren erfollegräiche Parcours. Biergcourse, Circuit, Slalom, Laangstreck... an e besonneschen Testpilot!
Play
30/03/2022

Episod 21 - Wilhelm Weirich

De Wilhelm Weirich ass Pilot vum faméise RingTaxi, an iwwer E-Racing richtege Profi ginn. Klor Meenung, witzeg Anekdoten, 20.000 Ronnen an 98% um Limit!
Play
16/03/2022

Undercut - Episod 20

Alles Porsche - dem Dylan Pereira seng lescht a seng nei Saison. E Niewenjob an England, d'Bluffen an der Formel 1 an d'Hoffnunge fir d'Zukunft!
Play
15/12/2021

Undercut - Episod 19

Grousse Réckbléck op eis éischt F1 Saison! Verstappen vs Hamilton, FIA vs Toto vs Dr Marko, Spa am Reen... an de Bernd Mayländer fiert guer net sou lues!
Play
08/12/2021

Undercut - Episod 18

Inside Safety Car - de Bernd Mayländer ass nach ëmmer "heiß und nervös". Seng Ufäng, seng DTM-Zäit, eng onverhofften Offer, an Track Limits si wéi Tennis.
Play
25/11/2021

Undercut - Episod 17

Andrea Schlager vu ServusTV: schaffe mam B.Ecclestone, den Ënnerscheed tëscht F1 a MotoGP, vu Monaco an de Päerdsstall, di vill Éisträicher an der F1, avm!
Play
10/11/2021

Undercut - Episod 16

Fiesta Mexicana fir Red Bull / Exklusive Bléck hannert d'Kulisse vun der Renault-F1-Fabrik zu Enstone (GB) / Den Edmund Irvine dierf ee net Edmund nennen
Play
27/10/2021 (52m 51s)

Undercut - Episod 15

60 Joer am Motorsport: D'Legend Rainer Braun iwwer Rindt, Lauda, Marko, Stuck, Bellof, Schumacher... a wisou en haut net méi am Motorsport wéilt schaffen.
Play
13/10/2021

Undercut - Episod 14

Wisou Motorrieder Konschtwierker kënne sinn - erkläert ë.a. eise Gaascht: De Chris Leesch, Lëtzebuerger deen an der Moto-Laangstrecke-WM fiert
Play
29/09/2021

Undercut - Episod 13

Et war bal duergaange fir de Lando / Duercherneen am Reen / Kalenner '21 / Kalenner '22 / Gebuertsdagskanner
Play
15/09/2021

Undercut - Episod 12

De Bernd Schneider iwwer Karting zu Lëtzebuerg / seng F1 Karriär / Le Mans Autoen déi fléien / di aktuell DTM / den Duell Verstappen-Hamilton, a vill méi!
Play
01/09/2021

Undercut - Episod 11

De GP zu Spa deen an d'Waasser gefall ass - war et richteg net ze fueren? De Gilles hat Ticketen op RTL gewonnen an erzielt eis seng Andréck vun der Plaz!
Play
25/08/2021

Undercut Spezial

Haut virun 30 Joer Formel 1 Premiere zu Spa (B) fir de Michael Schumacher. Wéi war et zu där Premiere komm? E spannende Bléck hannert d'Kulissen!
Play
04/08/2021

Undercut Episod 10

Hamilton vs Alonso / Bottas géint jiddereen / Ocon mat sensationeller Victoire / Punkte fir Williams / Red Bull a Verstappen gi nervös
Play
21/07/2021

Episod 9

Wiem seng Schold et war / verspillte Sympathien / neien Auto / neie Sprint / de Kimi ass souwisou dee Beschten
Play
06/07/2021

Episod 8

Verstappen op der Erfollegswell / FIA ass pipeg / Strof muss (net) sinn / nei Sprint-Quali-Course / War de Perez bei McLaren? / Wéi et zum Rolex-Ralf koum
Play
23/06/2021

Episod 7

Di fréiste Motorsporterënnerungen vun eise Modérateuren / de GP vu Frankräich war net sou langweileg wéi gefaart / d'Haas-Piloten hunn hir Soap Opera
Play
09/06/2021

Episod 6

Den Ex-F1-Pilot Marc Surer iwwer 1430 PS, den Down vu Mercedes, firwat de V.Bottas e Sonntagsfahrer ass, an Le Castellet kee Spaass mécht.
Play
26/05/2021 (25m 35s)

Episod 5

Tops & Flops vum Grand-Prix vu Monaco, Flexigate, eng duebel Réckhand, RIP M.Mosley, am Kalenner rumouert et, an de Kimi war duuschtereg. Invité: S.Pauly.
Play
12/05/2021

Episod 4

De Christian Wolfers iwwert seng Andréck vun der Plaz zu Barcelona beim Grousse Präis vu Spuenien an op en Neits eng Mercedes Glanzleeschtung.
Play
28/04/2021 (38m 34s)

Episod 3

Den Dylan Pereira iwwer di 3 Championnater, déi en dëst Joer fiert. Wéi seng Relatioun mam M.Verstappen ass, an ob en eng Matrass mat an de Fliger hëlt...
Play
14/04/2021

Episod 2

Dem Serge Pauly seng Aarbecht, Thema Entwécklungstoken, wien huet wat gesot, d'Geschicht vun Imola, Kalennerblat
Play
30/03/2021

Episod 1

D'Kinneksklass am Motorsport - Optakt am Bahrain, wien huet sech wéi geschloen, a wéi ass d'Première fir d'RTL-Ekipp gelaf?