Wou deet et wéi? (6) - Kardiologie - mat Ënnertitelen

16/02/2022

D’Kardiologie ass déi Spezialisatioun déi sech ëm d’Haaptpompel vun eisem Kierper këmmert – ëm d’Häerz an ëm all d’Erkrankungen déi d’Häerz betreffen.

De Pacemaker oder Schrittmacher ass eng kleng Maschinn déi ënnert d’Haut gesat gëtt an déi mat Sonde verbonne gëtt an déi Sonde ginn iwwert d’Venen an d’Häerz geluecht a wann d’Häerz ze lues schléit, da setzt de Pacemaker an.

Wéi funktionéiert dat elo ?