Wou deet et wéi? (7) - Rheumatologie - mat Ënnertitelen

16/03/2022

D'Rheumatologie ass u sech deen Deel vun der Medezin dee sech ëm all déi Krankheete bekëmmert, déi de Beweegungsapparat betreffen.

D'Gelenker, d'Muskelen, d'Seenen, virun allem déi elastesch Strukturen déi am Kierper dra sinn, dowéinst kënnen dat och Krankheete sinn, déi ë.a. d'Häerz, d'Liewer an d'Longe betreffen.