Wou deet et wéi? (10) – Neurochirurgie

15/06/2022

D'Neurochirurgie ass déi medezinesch Fachspezialitéit, déi sech mat den Erkrankunge vum zentralen Nervesystem befaasst.

A wéi den Numm et scho seet, ass d'Haaptaufgab vun den Neurochirurgen d'Operatioun, also déi chirurgesch Behandlung, vun Erkrankunge vum zentralen Nervesystem, also vum Gehier, vum Réckemuerch, vun den Nerven.