Episod 4 - Timo Wagner (Actor)
De Kierper als wichtegst Instrument
Ugefaangen huet alles mam Sport. De Schauspiller Timo Wagner hat eigentlech schonn de Wee vum Leeschtungssport ageschloe, wéi et hien et op d'Bün a virun d'Kamera gezunn huet. Wéi sech rausstellt hunn déi zwou Welten awer vill méi gemeinsam wéi ee mengt. Zur Zäit ass den Timo um groussen Ecran am spektakuläre "Läif a Séil" ze bewonneren. Eng mysteriéis Roll, déi hie bis an de klengsten Detail virbereet huet. Wéi enge kierperleche Strapazen huet hie sech fräiwëlleg ausgesat fir dës Roll? A wat ass en absolutten No-Go an der Kommunikatioun mam Regisseur?
© 35M Films