Episod 7 - Amandine Klee (Cinematographer)

D’Musikalitéit vun der Kameralëns

Wéi d'Amdandine Klee als Teenager déi éischte Kéier eng Kamera op der Schëller hat, stoung fir hatt seng Beruffung fest. Als Frontfra vun enger Rockband war eigentlech Musek seng éischt Passioun – wat haut e groussen Afloss huet op seng Manéier Biller ze komponéieren. Als eng vu wéinege Kamerafraen an dësem männlech-dominéierte Beruff, huet d'Amandine fréi geléiert sech duerchzebäissen, a setzt sech haut als erfollegräich DP an, Gläichheet an Akzeptanz um Filmset eng Normalitéit ze maachen.
© 35M Films