Episod 12 - Anne Klein (Comedian & Actress)
Raus aus der Comfort Zone
D'Anne fäert näischt. Obwuel hatt vun sech selwer behaapt schei an onsécher ze sinn, klëmmt hatt Owend fir Owend op d'Bün fir seng Ängschten ze iwwerwannen. Well Standup a Live Improvisatioun, si warscheinlech déi zwou schlëmmsten Disziplinnen déi sech eng schei an onsécher Persoun ka raussichen. D'Anne huet déi bewonnerenswäert Fäegkeet, sech ëmmer nees raus aus senger Comfort Zone ze katapultéieren.
© 35M Films