Episod 14 - Lukas Grevis (Director)

Einfach just Maachen!

De Lukas Grevis gëtt Vollgas. Déi meescht schwätze vill an téinen déck – wärend de Lukas einfach mécht. Mat 25 Joer huet hie schonn seng éischt 2 Feature Filmer an der Këscht! Dat muss ee mol fäerdeg bréngen. Den éischte Film, "D'Land am Schiet" (am Optrag vu Respect.lu) ass eng Etude iwwert eng Gesellschaft déi sech radikaliséiert. Fir säin zweete Film, e Roadmovie, huet de Lukas mat quasi null Budget seng jonk an hyper-motivéiert Crew queesch duerch ganz Europa geleet.
© 35M Films