Episod 17 - Thierry Faber (Writer & Editor)
D’Handwierk vum Storytelling beherrschen
Vun der Schéier zum Stëft: Dem Thierry Faber säin Talent als Geschichtenerzieler couvréiert all Aspekt vun der Filmproduktioun – vum éischte geschriwwene Wuert, iwwert d'Regie-féieren, bis hin zum Schnëtt vum fäerdege Film. Den Thierry ass de Mastermind vun der erfollegräichster Lëtzebuerger Serie "Capitani" 1 & 2 – déi Serie, déi via Netflix d'ganz Welt erreecht huet. Mir schwätze mam Thierry iwwert dësen onerwaarte Succès; wéi hie mat Kritik ëmgeet; wéi wäit hie geet an der Recherche... a wéini kennt endlech déi 3. Staffel vu "Capitani" eraus, Thierry!?
© 35M Films