Episod 26 - Eugenie Anselin (Actress)
Ausser Otem
Gott sei Dank hu mer d’Opnam vun dësem Podcast ouni Accident iwwerstanen hunn. Well
wärend där Stonn, hätt beim Eugenie sou munches kenne passéieren...
D’Eugenie Anselin ass voller Iwwerraschungen. Mir kennen hatt natierlech als talentéiert
Schauspillerin, dat schonn als Kand virun der Kamera stoung – mee ech hunn nawell gutt
gestaunt wéi hatt erzielt huet mat wat et bei him lass gaangen ass.
D’Eugenie erzielt eis wéi hatt iwwert den Otem a seng Rolle era fënnt, mee och wéi ee mat
Kritik ëmgeet. Besonnesch dann, wann se perséinlech ass an extra wéi deet. Eppes, dat
mer, mengen ech, alleguer kennen.
© 35M Films