Episod 21 - Eric Lamhène (Writer & Director)

Stäerkt & Resilienz

"Hors d'Haleine" ("Breathing under Water") heescht den éischte Feature Film vum Eric Lamhène. An dësem emouvanten Drama geet et ëm haislech Gewalt, an erzielt d'Geschicht vum "Emma" (wonnerbar verkierpert vum Carla Juri) dat sech de Wee zréck an en eegent, fräit Liewen erkämpft. Den Eric verréit wéi hien den Zeenario zesumme mat senger Fra, Rae Lyn Lee, no jorelaanger Recherche, geschriwwen huet. Wéi huet hier Kollaboratioun funktionéiert, wärend se net nëmmen um Set Regisseur- a Kamerafra Duo waren, mee gläichzäiteg doheem Papp a Mamm vun engem klenge Bouf?
© 35M Films