
Den entspaanten Interview mat Bistrosambiance
Play episode
RTL-Afterwork: Ed Goedert
Den entspaanten Interview mat Bistrosambiance
- Episodes
- Related
02/10/2021 (40m)
RTL-Afterwork: Ed Goedert
Hien huet Bensin am Blutt. Mat 12 souz hien hannert dem Steierrad an huet spéider vill grouss Nimm kennegeléiert wéi de Ross Brawn a Flavio Briatore
25/09/2021
RTL-Afterwork: Luc Holtz
Zu Ettelbréck huet dem Luc Holtz seng Fussballkarriäre ugefaang. De Wonsch fir Profi ze ginn huet e fréi missten begruewen awer bleift dem Terrain trei
18/09/2021 (44m)
RTL-Afterwork: Metty Krings
Milliounen huet hien bei Radio Luxemburg ënnerhalen a spéider op RTL Plus a mam Li-La-Launerbär ameséiert. Mat him kuckt den Dan Spogen hannert d'Kulisse
11/09/2021
RTL-Afterwork: Dan Maas
Mat der Powerfra Dan Maas verbënnt een Dammentennis. Am Gespréich geet et awer och ëm Schlagermusek, Lieblingsspillerinnen, WG an Macaronis au gratin
10/07/2021
RTL-Afterwork: EM Spezial mam Dan Spogen a Mike Fandel
mat Hëllef vum Andy Schleck, Roby Langers, Mario Mutsch, Oscar Leone, Gilles Muller, Marc Oberweis, Shari Schenten a Léa Linster
03/07/2021 (26m)
RTL-Afterwork: EM Spezial mam Dan Spogen a Mike Fandel
Hëllef kréie se vum Shari Schenten, Marc Oberweis, John Rech, Jeff Strasser, DJ Nosi, Luc Holtz, Manu Cardoni a Gilles Muller
26/06/2021
RTL-Afterwork: Rom Bernard
Fiirwat heescht de Rom Rom, wat huet hien mam Udo Jürgens, Bayern München an dem Michael Jackson ze dinn? A wéi eng Roll spillt Fernet-Branca bei Cool Feet
19/06/2021
RTL-Afterwork: Robert Goebbels
De fréieren Minister zielt firwat zu Schengen eng Strooss no him benannt ass, an et gëtt Anekdoten iwwert déi Hären Kohl, Chirac, Mitterrand a Clinton
12/06/2021
RTL-Afterwork: Jean-Claude Hollerich
An der RTL City zielt den Kardinol an Äerzbëschof vu Lëtzebuerg iwwer de Verdéngscht, Congé, Pensioun, Personal, den Hometrainer, de Führerschäin an Sushi
05/06/2021 (56m)
RTL-Afterwork: Jeff Strasser
An der RTL City zielt hien iwwer seng Kandheet zu Munneref an der Schwämm, déi éischt Zäit zu Metz, seng Fra, seng 2 Bouwen a säin Outfit
22/05/2021
RTL-Afterwork: Roland Kalté
Den Trafic an d'RTL Déckkäpp hunn hien bekannt gemaach. Hien zielt iwwer seng Zesummenaarbecht mam Grand-Duc Jean, seng Fussballszäit an d'Woulleken
15/05/2021 (43m)
RTL-Afterwork: Henri Grethen
Den Henri Grethen war e Schwéiergewiicht an der Lëtzebuerger Politik. Hien sollt Metzler ginn, wollt Dokter ginn a koum an d'Chamber
08/05/2021
RTL-Afterwork: Lex Roth
Hien huet dem Tintin an Asterix Lëtzebuergesch bäibruecht, war dat 10. vun 11 Kanner an huet en apaarten Timber an der Stëmm
01/05/2021 (55m)
RTL-Afterwork: Frank Schleck
Iwwer säin grousst Idol Miguel Indurain, säin Brudder Andy, d'Trainingslager vum Bjarne Riis an déi männlech Diva Fabian Cancellara
24/04/2021
RTL-Afterwork: Henri Losch
Den Acteur an Auteur geet mat grousse Schrëtt op déi 90 duer, dovunner ass hien der eleng 66 Joer glécklech bestuet
03/04/2021
RTL-Afterwork: Anne Brasseur
Déi fréier Ministesch fir Educatioun a Sport séngt leidenschaftlech gär an zielt iwwer den Gianni Infantino a wéi se an d'Politik gerëtscht ass
27/03/2021
RTL-Afterwork: Robert Brandy
iwwer seng Zäit als Hippie, säin Papp, säin Schwéierpapp, säin Bulli, säin markanten Hutt, d'Talent vu sengem Fils an d'Léift zum roude Wäin
20/03/2021
RTL-Afterwork: Sylvie Bisdorff
Schauspillerin war de Beruffswonsch, awer duerch hire Papp, deen um Haff gekacht huet, gouf si eng Kächin där hire gudde Ruff bis Moskau geet
13/03/2021
RTL-Afterwork: Manuel Cardoni
Iwwer seng Zäit als Profi bei Bayer 04 Leverkusen, wéi hien seng Fra kennegeléiert huet a firwat hien de Pony ass
06/03/2021
RTL-Afterwork: Patricia Lippert
d'Kënschtlerin war ganz fréi en "enfant terrible". Mat 15 houng se schonn an der Disco an neierdéngs manifestéiert se sech och als Clown
27/02/2021
RTL-Afterwork: Jemp Schuster
Wéi war den Acteur, Auteur a Regisseur als Kand? Wou hat hien säin éischten Optrëtt a wéi huet en seng jonk Fra kenne geléiert?
13/02/2021
RTL-Afterwork: Gast Gibéryen
Déi politesch Bün huet den Députéierten mat 70 verlooss. De fréieren Gewerkschaftler a Buergermeeschter huet der net just als Kand vill gestëbst
19/12/2020 (46m)
RTL-Afterwork: Roby Langers
Hien stoung mat engem Lothar Matthäus an Zizou um Terrain, an huet mat der Lëtzebuerger Nationalequipe géint de "Waldmeister" gespillt.
12/12/2020 (38m)
RTL-Afterwork: Viviane Reding
Wéi se zu Esch op der Gaass grouss ginn ass, wéi se mat der Gittar duerch Europa gezunn ass, a wéi se mat 3 Bouwen Multitasking geléiert huet
05/12/2020 (43m)
RTL-Afterwork: Pierre Dillenburg
Firwat den Dill net Paschtouer wollt ginn, wat seng Kazen fir hien bedeiten, wéi et an der Arméi war a wéi eng Privataudienz beim Grand-Duc Jean war
28/11/2020 (40m)
RTL-Afterwork: Generol Alain Duschène
Bis den 29/09/2020 hat den Generol Alain Duschène de Kommando vun der Lëtzebuerger Arméi. Den Dan Spogen kuckt mat him hannert d'Kulissen vum Härebierg
21/11/2020 (42m)
RTL-Afterwork: Georges Christen
Mat engem Nol huet alles ugefaangen, a well e keng Loscht hat Assurancen ze verkafen. Sou gouf aus dem Georges Christen e Powerman.
14/11/2020 (36m)
RTL-Afterwork: Steve "Etienne" Braun
Fotografie a Fetischismus, Paris Hilton a Patrick Swayze. Firwat huet en sou dacks d'Schoul gewiesselt a seng Mamm sinn e puer Stéchwierder vum Gespréich
31/10/2020 (41m)
RTL-Afterwork: Sylvia Camarda
Déi bekannt Dänzerin iwwer hir nei Roll als Mamm, d'Hochzäitsrees mam Camper a firwat se Poopst gi wollt
24/10/2020 (37m)
RTL-Afterwork: Fausti
Bei him geet et och ouni Familljennumm an Titel. De Fausti ass eng lieweg Legend a jiddereen kennt hien. Vun de Baler, der Päischtcroisière, ...
17/10/2020 (46m)
RTL-Afterwork: Colette Flesch
Porsche, Poschen, Politik, Pink Panther an déi olympesch Spiller ginn mat der fréierer Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg ugeschwat
10/10/2020 (41m)
RTL-Afterwork: Jacques Santer
Den Dan Spogen profitéiert fir vum Jacques Santer gewuer ze ginn wourobber en houfreg ass, wéi e seng Fra kennegeléiert huet a wéi en u säin Spëtznumm koum
03/10/2020 (37m)
RTL-Afterwork: Gaston Vogel
d'Bün vum Maître Gaston Vogel ass normalerweis de Geriichtssall. Beim Dan Spogen léiere mer den bekannten Affekot vun enger anerer Säit kennen.
26/09/2020 (41m)
RTL-Afterwork: Tony Tintinger
Den Tony Tintinger kennt een als fréiere Chef aus dem Restaurant Clairefontaine, wou Politiker a Kinneken an an aus gaange sinn.
19/09/2020 (43m)
RTL-Afterwork: Chantal Gary
Déi jonk Deputéiert aus dem Osten, déi sech sou lues en Numm mécht. Grond genuch, hir op den Zant ze fillen an ze kucken wéi se tickt
12/09/2020 (37m)
RTL-Afterwork: Serge Tonnar
Zanter ville Joren kennt een de Serge Tonnar als Konstant op de lëtzebuerger Bünen. Wien ass de Mënsch derhannert? Wat beschäftegt hien a wéi tickt en?
18/04/2020
RTL-Afterwork: Gilles Muller
Dass de Gilles Muller en Ass am Tennis ass, ass gewosst. Awer wéi gesäit et aus mat Fussball, geet e gären shoppen a wéi geet et mat senger fräier Zäit ëm?
11/04/2020
RTL-Afterwork: Thorunn
When 'Airy met Fairy, heescht den aktuelle Museksprojet vum Thorunn Egilsdottir. Aner Etappen: Island, d'Zäit bei RTL an déi éischt Optrëtt als Sängerin
04/04/2020
RTL-Afterwork: Gast Waltzing
Vun der Duerfmusek zu Useldeng iwwer de Grand-Prix mat Park Café bis bei de Grammy. Dës Woch ass et um Gast Waltzing fir iwwer seng Carrière ze schwätzen.
28/03/2020
RTL-Afterwork: Alain Atten
Mir kennen all de Sproochmates, awer wéi lieft de Privatmënsch. Mat wat beschäftegt e sech soss a firwat ass en net bestuet?
21/03/2020
RTL-Afterwork: Maggy Nagel
d'Commissairin vum lëtzebuerger Pavillon op der EXPO 2020 DUBAI, a fréier Ministesch, Buergermeeschtesch, Gemengesekretärin an Arbittesch
14/03/2020
RTL-Afterwork: Andy Schleck
Mam Tour de France Gewënner Andy Schleck kann een och iwwer aner Saachen schwätze wéi just Vëlosport, an dass e vill Spaass versteet héier der hei
07/03/2020
RTL-Afterwork: Hana Sofia Lopes
Nieft eenzelnen berufflechen Etappen a Portugal an zu Lëtzebuerg gëtt een awer och vill Privates vun der jonker Actrice gewuer
29/02/2020
RTL-Afterwork: Etienne Schneider
Wat däerf oder wëll en Ex-Minister alles sou erzielen? Wat gëtt et un Anekdoten aus der Jugend a wat ass beruffleches geschitt wa keng Kamera present war?
22/02/2020
RTL-Afterwork: Max Kuborn
Als Wiederfräsch an duerch seng Kachemissiounen op der Tëlee ass de Max Kuborn de Lëtzebuerger e Begrëff. Am Café des Artistes zielt en aner Geschichten
15/02/2020
RTL-Afterwork: Lea Linster
Am Café des Artistes léisst den Dan Spogen zesummen mat senger Equipe bei der Stärekächin Léa Linster näischt ubrennen
08/02/2020
RTL-Afterwork: Paul Philipp
Den Dan Spogen a Co halen de Ball flaach a léieren de Paul Philipp am Café des artistes besser kennen
26/01/2020
RTL-Afterwork: Astrid Lulling
Am Café des Artistes hëlt d’Astrid Lulling beim Dan Spogen a Co kee Blat vrun de Mond
19/01/2020
RTL-Afterwork: Jang Linster
Den Dan Spogen a seng Kollegen léieren dës Woch de Mënsch Jang Linster vun enger anerer Säit kennen
12/01/2020
RTL-Afterwork: Mandy Minella
d'Sendung fir déi virwëtzeg Leit. Dës Woch hunn den Dan Spogen a Co, d'Tennisspillerin Mandy Minella am Café des Artistes virum Mikro