Apple Share
Aktualitéit virun 20 Joer
Aus den RTL-Archiven
Play
13/09/2025 (1m 49s)

Aktualitéit virun 20 Joer

D‘Gemengewalen, eng Lëtzebuerger Staatsvisitt an der Slowakei an eng Regierungskris an der Ukrain.Ënner anerem dës Sujete gouf et Ugangs September an de Journallen op RTL Radio Lëtzebuerg.De Pit Everling kuckt 20 Joer.
Play
20/09/2025 (3m 10s)

Aktualitéit virun 20 Joer

Am September 2005 kuckt d‘europäesch Politik op Berlin.Bei de virgezunne Neiwale gouf et eng ganz eng Course tëschent dem SPD-Bundeskanzler Gerhard Schröder an der Spëtzekandidatin vun der Unioun Angela Merkel.An der legendärer Elefanteronn direkt no de Bundestags-Wale goufen et op alle Fall Interpretatiouns-Divergenzen.De Pit Everling huet sech d‘RTL-Journalle vu virun 20 Joer ugelauschtert
Play
27/09/2025 (2m 32s)

Aktualitéit virun 20 Joer

De Prisong zu Schraasseg ass ze kleng, eng Héichspannungsleitung am Süden ass net erwënscht, d'Nordstad hëlt Form un um Haff gëtt Nowuess annoncéiert. Ënner anerem déi Iwwerschrëfte gouf et an den RTL-Journallen Enn September 2005.De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck.
Play
04/10/2025 (2m 43s)

Aktualitéit virun 20 Joer

Mëttelméisseg ëffentlech Finanzen, Gestreits ronderëm d'Sotel-Leitung oder nach Pläng fir e Kino zu Dikrech.Ënner anerem dës Titele gouf et an den RTL-Journallen am Hierscht 2005. De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck
Play
11/10/2025 (3m 15s)

BAND Aktu 2005 Gemenge-Wahlen

Leschte Freideg krut Lëtzebuerg mam Grand-Duc Guillaume een neie Staatschef, ouni datt den iwwerhaapt gewielt gouf. Anescht war dat den 9. Oktober 2005, wéi déi nei Gemengeréit bestëmmt goufen. Dat heescht awer net, datt all Buergermeeschter säin Troun, ähm Stull huet musse raumen. De Marc Hoscheid kuckt 20 Joer zeréck.
Play
18/10/2025 (2m 59s)

BAND Aktualiteit 2005

Am Oktober 2005 hu fir d'éischt d'Gemengewalen an dono d'Koalitiounsverhandlungen um lokalen Niveau d'Aktualitéit zu Lëtzebuerg dominéiert. An der Schoul gouf och deemools schonn iwwert d'Roll vun de Sproochen diskutéiert. International huet sech d'Vullegripp ëmmer weider ausgebreet an och am Grand-Duché fir Kappzerbrieches gesuergt. De Marc Hoscheid kuckt 20 Joer zeréck.
Play
25/10/2025 (2m 49s)

Aktualitéit virun 20 Joer

De Staatsbudget, Koalitiounsverghandlungen an de Gemengen, eng Eisebunns-Tripartite an eng eventuell Lëtzebuerger Formel-1 Participatioun.Ënner anerem dës Sujete gouf et an den RTL-Journalle vun der drëtter Oktober-Woch aus dem Joer 2005.De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck
Play
01/11/2025 (1m 46s)

Aktualitéit virun 20 Joer

Wéi soll d‘Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn?Déi Fro war och an den RTL-Journalle vum Oktober 2005 aktuell.Eng Optioun déi deemools um Dësch louch war déi vum Tram, respektiv dem Train-Tram.En anere Sujet deemools war och een dee mer haut nawell all ze gutt kennen: d‘Vullegripp.De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck. 
Play
08/11/2025 (2m 20s)

Txt

En zweete Prisong fir Lëtzebuerg, d‘Zukunft vun den CFL an d‘Onrouen a Frankräich. Ënner anerem dës Iwwerschrëfte gouf et an den RTL-Journalle vun der éischter November-Woch vum Joer 2005.De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck. 
Play
15/11/2025 (2m 42s)

Aktualitéit virun 20 Joer

De Stater Koalitiounsaccord, nei Elementer am Dossier Bommeleeër an en Accord tëschent Lëtzebuerg an Nigeria. Ënner anerem dës Sujete gouf et an den RTL-Journalle vun der zweeter Novemberwoch 2005.De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck.