
- Episodes
- Related
21/02/2026
Aktualitéit virun 20 Joer
De Kampf tëscht de Stolgiganten an e Regierungsremaniement
14/02/2026
Aktualitéit virun 20 Joer
ArcelorMittal, d'Präisser an de Stater Crèchen, den Zoustand vun de Gewässer an d'Bolkestein-Direktiv
07/02/2026
Aktualitéit virun 20 Joer
Mittal wëll mordicus Arcelor iwwerhuelen. De Lëtzebuerger Stolgrupp wiert sech awer
31/01/2026
Aktualitéit virun 20 Joer
En déidlecht Feier am Prisong zu Schraasseg, eng Offer vu Mittal fir Arcelor ze kafen an e Geriichtsurteel an der Affär Bréifdréieschgewerkschaft
24/01/2026
Aktualitéit virun 20 Joer
Zigaretten am Restaurant, en Détournement am Escher Spidol a franséisch Atomwaffen
17/01/2026
Aktualitéit virun 20 Joer
D‘Relatioun tëschent dem Aly Jaerling an dem ADR fänkt un ze bréckele, d‘Vullegripp bereet Suergen grad ewéi den Uran aus dem Iran
10/01/2026
Aktualitéit virun 20 Joer
De Grand-Duc Jean feiert 85 Joer, am Nidderkuerer Spidol gëtt d‘Fusioun mat Esch preparéiert an an Israel gëtt ëm d‘Liewe vum Premier Ariel Sharon gefaart
20/12/2025
Aktualitéit virun 20 Joer
D‘Gesetzgebung vun de Vir- an Nonimm, eng Spidols-Fusioun am Süde vum Land a Gestreits tëscht der EU a Groussbritannien.
13/12/2025
Aktualitéit virun 20 Joer
Mannerjäreger am Prisong, d‘Quellesteier, d‘Gehälter beim Staat, d‘Preparatioune fir d‘Kulturjoer an den Doud vun enger Cycliste-Legend
06/12/2025
Aktualitéit virun 20 Joer
D’Staatsfinanze sinn net gutt a plazeweis muss gespuert ginn. Dee Constat mécht de Premier Jean-Claude Juncker am Dezember 2005
29/11/2025
Aktualitéit virun 20 Joer
D‘Kränkt BSE gouf zu Lëtzebeurg nees en Theema an zu Nidderkuer gouf et ëmmer méi kloer, datt d‘Spidol esou net méi kéint weider funktionnéieren
22/11/2025
Aktualitéit virun 20 Joer
D'Tripartite, Krankeschäiner an eng Visitt vum Lëtzebuerger Premier zu Berlin. Ënner anerem dës Themen goufen et virun 20 Joer an de Journallen op RTL
15/11/2025 (2m 42s)
Aktualitéit virun 20 Joer
De Stater Koalitiounsaccord, nei Elementer am Dossier Bommeleeër an en Accord tëschent Lëtzebuerg an Nigeria. Ënner anerem dës Sujete gouf et an den RTL-Journalle vun der zweeter Novemberwoch 2005.De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck.
08/11/2025 (2m 20s)
Txt
En zweete Prisong fir Lëtzebuerg, d‘Zukunft vun den CFL an d‘Onrouen a Frankräich. Ënner anerem dës Iwwerschrëfte gouf et an den RTL-Journalle vun der éischter November-Woch vum Joer 2005.De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck.
01/11/2025 (1m 46s)
Aktualitéit virun 20 Joer
Wéi soll d‘Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn?Déi Fro war och an den RTL-Journalle vum Oktober 2005 aktuell.Eng Optioun déi deemools um Dësch louch war déi vum Tram, respektiv dem Train-Tram.En anere Sujet deemools war och een dee mer haut nawell all ze gutt kennen: d‘Vullegripp.De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck.
25/10/2025 (2m 49s)
Aktualitéit virun 20 Joer
De Staatsbudget, Koalitiounsverghandlungen an de Gemengen, eng Eisebunns-Tripartite an eng eventuell Lëtzebuerger Formel-1 Participatioun.Ënner anerem dës Sujete gouf et an den RTL-Journalle vun der drëtter Oktober-Woch aus dem Joer 2005.De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck
18/10/2025 (2m 59s)
BAND Aktualiteit 2005
Am Oktober 2005 hu fir d'éischt d'Gemengewalen an dono d'Koalitiounsverhandlungen um lokalen Niveau d'Aktualitéit zu Lëtzebuerg dominéiert. An der Schoul gouf och deemools schonn iwwert d'Roll vun de Sproochen diskutéiert. International huet sech d'Vullegripp ëmmer weider ausgebreet an och am Grand-Duché fir Kappzerbrieches gesuergt. De Marc Hoscheid kuckt 20 Joer zeréck.
11/10/2025 (3m 15s)
BAND Aktu 2005 Gemenge-Wahlen
Leschte Freideg krut Lëtzebuerg mam Grand-Duc Guillaume een neie Staatschef, ouni datt den iwwerhaapt gewielt gouf. Anescht war dat den 9. Oktober 2005, wéi déi nei Gemengeréit bestëmmt goufen. Dat heescht awer net, datt all Buergermeeschter säin Troun, ähm Stull huet musse raumen. De Marc Hoscheid kuckt 20 Joer zeréck.
04/10/2025 (2m 43s)
Aktualitéit virun 20 Joer
Mëttelméisseg ëffentlech Finanzen, Gestreits ronderëm d'Sotel-Leitung oder nach Pläng fir e Kino zu Dikrech.Ënner anerem dës Titele gouf et an den RTL-Journallen am Hierscht 2005. De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck
27/09/2025 (2m 32s)
Aktualitéit virun 20 Joer
De Prisong zu Schraasseg ass ze kleng, eng Héichspannungsleitung am Süden ass net erwënscht, d'Nordstad hëlt Form un um Haff gëtt Nowuess annoncéiert. Ënner anerem déi Iwwerschrëfte gouf et an den RTL-Journallen Enn September 2005.De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck.
20/09/2025 (3m 10s)
Aktualitéit virun 20 Joer
Am September 2005 kuckt d‘europäesch Politik op Berlin.Bei de virgezunne Neiwale gouf et eng ganz eng Course tëschent dem SPD-Bundeskanzler Gerhard Schröder an der Spëtzekandidatin vun der Unioun Angela Merkel.An der legendärer Elefanteronn direkt no de Bundestags-Wale goufen et op alle Fall Interpretatiouns-Divergenzen.De Pit Everling huet sech d‘RTL-Journalle vu virun 20 Joer ugelauschtert
13/09/2025 (1m 49s)
Aktualitéit virun 20 Joer
D‘Gemengewalen, eng Lëtzebuerger Staatsvisitt an der Slowakei an eng Regierungskris an der Ukrain.Ënner anerem dës Sujete gouf et Ugangs September an de Journallen op RTL Radio Lëtzebuerg.De Pit Everling kuckt 20 Joer.
