Sexualiséiert Gewalt Theema an der Emissioun Invité vun der Redaktioun
07/11/2024
D'Victoire vum Donald Trump ass en däischteren Dag fir d’Fraerechter, mä och fir d’Mënscherechter a fir de Klima.
Seng politesch Iddie géifen op enger sexistescher a fraefeindlecher Basis opbauen, dat sot d'Monika Hauser den Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. Déi bekannten Doktesch a Grënnerin vun der Fraerechtsorganisatioun medica mondiale war fir eng Konferenz hei zu Lëtzebuerg.
