Pro-Vëlo hat op de Christ-Mass Bike Ride invitéiert

14/12/2024

E spezielle Vëlostour ass um Glacis fortgefuer. Mat dekoréierte Vëloen, Litercher a Chrëschtdagsmusek wollt Pro-Vëlo en Zeeche setzen.

En Zeeche fir de Vëlo an d'Sécherheet vun de Cyclisten, awer och de Spaass um Vëlofuere vermëttelen an eelere Leit, déi net méi esou mobil sinn, eng Freed maachen. Sou ass d'Vëlos-Chrëscht-Parad speziell och a gudder Stëmmung laanscht d'Altersheemer gefuer.