Flameninferno ronderëm Los Angeles

10/01/2025

Op d'mannst 10 Persoune sinn ëm d'Liewe komm, iwwer 10.000 Gebaier sinn ofgebrannt, bal 180.000 Leit goufe verdriwwen.

Den US-President Joe Biden schwätzt vun de schlëmmste Bränn an der Geschicht vu Kalifornien. Donieft wiisst d'Angscht virun Ausraiberungen. D'Police huet dowéinst eng Ausgangsspär an der Nuecht verhaangen.