Kritik vum SNE um Projet ALPHA
20/01/2025
D’Gewerkschaft vum Léierpersonal weist sech kritesch par Rapport zu der Alphabetiséierung op Franséisch an der Grondschoul vum Educatiounsministère.
Aktuell gëtt de Projet a 4 Schoule duerchgefouert – soll vun 2026 un awer erweidert ginn. Ma vill Schoule wieren net prett dofir, esou d’Gewerkschaft. Chaotesch Stonnepläng, ze wéineg Raimlechkeeten an de Manktem u Proffe géif d’Ëmsetzung a ville Gemenge schwiereg maachen.
