Ass Lëtzebuerg op cheemesch, biologesch oder nuklear Attacke preparéiert?

12/02/2025

D'Zil vum CBRN-Noutfallplang ass et op esou Ugrëff um eegenen Terrain an iwwer d'Grenz preparéiert ze sinn. Haut gouf sech d'Lëtzebuerger Ekipement ugekuckt.

Am Fall vun enger chemescher, biologescher, radiologescher oder nuklearer Attack op den eegenen Territoire virbereet sinn – dat ass d’Zill vum sougenannten "CBRN"-Noutfallplang. Tëscht 2014 an 2020 krut Lëtzebuerg Subside vun der europäescher Unioun fir esou ee professionellen Dispositif, deen och iwwert d’Grenzen eraus funktionéiert - opzebauen. Haut war den neie EU-Kommissär fir de Budget an d’Administration Publique zu Besuch am Grand-Duché, fir sech d’Ekipement unzekucken