Fuesvakanz: Déi eng zitt et an de Schnéi, déi aner sichen d'Sonn

15/02/2025

Dëse Weekend fléien eng Zéngdausend Passagéier mat der Luxair an d'Vakanz. D'Kanaren, Ägypten awer och Lapland sinn aktuell d'Favoritte vun den Touristen.

Um Samschdegmoien, kuerz no 6 Auer, goungen déi éischt Fligeren um Findel eraus. Palma, Porto an ënner anerem op Malta goung et. Explikatioune vum Thomas Fischer vu Luxair.