"Et muss nees méi Blutt gespent ginn!"
19/02/2025
Bluttspenden ass e Geste, vun deem d'Gesondheet vun eise Matmënschen ofhänke kann.
Zu Lëtzebuerg missten all Dag 100-120 Donen ragoen, fir dass de Stock am normale Beräich läit. Ma dëst ass momentan net de Fall. Dofir rifft d’Croix Rouge dozou op, dass souwuel nei wéi och enregistréiert Donneuren sech d’Zäit huele bei si ze kommen.
