Melania Trump ënnerstëtzt Gesetz géint Rachepornographie a KI-Mëssbrauch

04/03/2025

Kuerz virun der "State-of-the-Union"-Ried vum US-President Donald Trump am Kongress hat seng Fra Melania Trump en éischte Solo-Optrëtt.

Hir goung et dobäi awer net ëm d'Erneiere vum "American Dream". An hirer éischter Ried am US-Kapitol huet d'First Lady virun digitale Gefore gewarnt an huet de sougenannte "Rachepornoen" de Kampf ugesot, dat heescht intim Biller oder Videoen, déi ouni Zoustëmmung vun de gewisene Persounen online gesat goufen.