CTM fuerdert méi Wunnraum fir suchtkrank Leit an Ënnerstëtzung um Terrain
Den Direkter vum Syrdallschlass zu Manternach fuerdert méi Wunnraum fir sozial benoodelegt, psychesch- a suchtkrank Leit.
Dobäi kéim nämlech dass d’Rechutten méi heefeg wieren, well vill Leit op der Strooss oder a Cafés-Zëmmer géinge liewen an et kéint een observéieren, dass déi ëmmer méi grouss Suchtpopulatioun, ëmmer méi staark duerch déi verschidde Raster fält.
Well d’Presenz vun Hëllefsstrukturen um Terrain enorm wichteg wier, hätte si hir «Alternativ Berodungsstell» gegrënnt, ouni Hëllef vum Staat – den Direkter vum Therapiezenter vu Manternach Andreas Krzykowski fuerdert hei en Ëmdenken.
D’Patiente wieren net eleng duerch déi gesellschaftlech Ufuerderungen, mee och duerch d’Presenz vum Handy am Alldag an dem Kontakt mat der Zeen, nach méi engem grousse Suchtdrock ausgesat. Dofir gëtt hei mat neien Therapieusätz geschafft.