Éischten ausgebauten Tronçon op der Diddelenger A3 geet e Sonndeg op

21/03/2025

Tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz gëllen dann nei Reegelen.

Vun Hallefnuecht u gëtt et op deem Deel vun der Autobunn a Richtung Stad nämlech zwou nei Spueren. Ganz lénks kënnt eng Spuer fir de Co-Voiturage an de Bus, hei dierfen also just Busser an Autoe mat op mannst zwou Persounen dra fueren. D'Standspuer ganz riets gëtt iwwerdeems eng reng Busspuer. Déi zwou Spueren dotëscht sinn am Prinzip fir de restlechen Trafic.