Chantier op der Ettelbrécker Maartplaz op der Ligne droite

07/04/2025

Wien am Moment zu Ettelbréck ënnerwee ass, leeft gefillt vun engem Chantier an deen aneren.

Och op der Place Marie-Adelaide gëtt zanter Méint geschafft. Wou virdrun ee Parking war, entsteet eng Plaz, wou d'Leit sech begéine kënnen. Wann alles no Plang leeft, soll de Chantier geschwë fäerdeg sinn. Ma och op anere Plazen zu Ettelbréck ginn d'Aarbechte gutt virun.