Déi nei Hammerel-Bréck ass fir den Trafic op
04/04/2025
E Freideg den Owend um 19 Auer war et esouwäit.
Zanter e Freideg den Owend fueren zu Beetebuerg nees d'Autoen iwwer déi nei Hammerel-Bréck, déi déi zwee Deeler vu Beetebuerg, d'neit Duerf an d'aalt Duerf, matenee verbënnt.
Am fréien Owend gouf se offiziell ageweit a bei deem gudde Wieder waren net just d'Ministesch Yuriko Backes an de Buergermeeschter Laurent Zeimet do, fir de Bändchen duerch ze schneiden, mä och vill Leit aus der Gemeng.
