Honnerte Mënschen um Méindeg beim Vatikan, fir dem Poopst Franziskus ze gedenken
22/04/2025
Um Ouschterméindeg huet d'Nouvelle vum Doud vum Poopst Franziskus Millioune Mënsche queesch uechter d'Welt schockéiert.
Am Vatikan hu gëschter Owend zu spéider Stonn nach Leit Blummen néiergeluecht, gebiet oder dem Poopst roueg geduecht. D'Stëmmung war zwar nodenklech, awer net néiergeschloen. Déi Gleeweg sinn nämlech an éischter Linn dankbar, datt se de Franziskus haten an hie Reformen an der Kierch ugestouss huet.
