Santésministère verséchert, datt Kanner weider am Rehazenter behandelt ginn

07/05/2025

Enn Abrëll kruten d’Famille vu Kanner-Patienten am Rehazenter gesot se bräichten net méi zeréckzekommen. Kanner géifen net méi encadréiert ginn.

E Schock Moment fir vill Elteren. De Ministère fir Gesondheets a sozial Sécherheet réagéiert séier a verséchert, datt Kanner weider en charge geholl wäerte ginn. De Ministère kënnegt un eng gesetzlech Basis ze adaptéieren déi fir de ganze Chaos schëlleg ass.