Héije Besuch um Kierchbierg beim Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM)
14/05/2025
Den Ierfgroussherzog Guillaume gouf vum Generaldirekter Pierre Gramegna empfaangen an huet sech d’Institutioun, déi 2012 geschaf gouf, erkläre gelooss.
D'Roll vum ESM ass de Staaten aus der Euro-Zon ze hëllefen, Finanzkrisen ze vermeiden, respektiv z’iwwerwannen. Den ESM gëtt den Eurozon-Länner Zougang zu méi bëllege Finanzéierungen, wat et hinnen erméiglecht, d'Nohaltegkeet vun hire Scholden ze stäerken.
