Bodycams: De Generaldirekter Adjoint bei der Police erkläert, wat gefilmt gëtt

01/07/2025

Vun haut u si Poliziste mat Body-Kameraen equipéiert. A potentiell geféierleche Situatioune kënnen d’Beamten decidéieren, d’Body-Kameraen z’aktivéieren.

Duerch ee Luucht- an Toun-Signal kritt déi Persoun géigeniwwer dann d’Informatioun, datt gefilmt gëtt. Mat de Bodycams erhofft sech d’Police, fir Situatioune méi einfach kënnen ze deeskaléieren, dat och well d'Bildmaterial am Fall vun enger Aggressioun als Preuve an enger juristescher Poursuite ka genotzt ginn. Op der anerer Säit gëtt och d'Transparenz vu Police-Asätz duerch d'Bodycams erhéicht. Den Alain Engelhardt, Generaldirekter Adjoint bei der Police, präziséiert, wat genee gefilmt gëtt.