Gedenken u Srebrenica och zu Lëtzebuerg
12/07/2025
30 Joer sinn et hier, datt et am fréiere Jugoslawien zum Massaker vu Srebrenica koum.
Et war dat uergste Krichsverbriechen an Europa zanter dem Zweete Weltkrich. Den 11. Juli 1995 hunn d'Truppen vum bosnesch-serbesche Generol Ratko Mladic e Genozid ugefaangen, bei deem iwwer 8.000 muslimesch Jongen a Männer ëmbruecht goufen. Dëser Deeg gëtt och hei zu Lëtzebuerg un dat schrecklecht Verbriechen erënnert, dat haut nach d'Mënsche vum Balkan spléckt.
